background background

Steesel

Invitatioun Infoowend - 9. Juni 2022 - Gutt liewen zu Steesel

Méi Mobilitéit amplaz méi Verkéier !

Gitt méi gewuer op eisem Info- an Austauschowend mam Minister François Bausch.

Wéi maache mir et an d‘Zukunft, datt all Mënsch an eiser Gemeng zouverlässeg, séier, bequem a sécher vun A op B kënnt, a mir awer och eng héich Liewensqualitéit an eisen Uertschaften hunn – mat wéineg Kaméidi, manner Verschmotzung an enger gesonder Loft?

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten, presentéiert iech, wat am Verkéier bis 2035 geplangt ass, a wéi mir eng gréng Mobilitéit am Uelzechtdall a besonnesch zu Steesel kënnen zesummen ëmsetzen. Fir datt mir an eis Familljen gutt zu Steesel liewen!

Donneschdeg | Jeudi

9. Juni 2022 ëm 19H00
am Kulturhaus, Parc Laval | rue des sapins

Présentation en luxembourgeois avec traduction orale directe en français par l’ASTI a.s.b.l.